Samstag, 4. April 2009

Eglise St. Jean -Jangekierch


Schwarz Madonna, Peschtmadonna och nach Noutmadonna genannt, am Gronn.
Verschidde létzeburger Kierchen sinn nach net erfasst z.B. op wikipedia.lu. Bleiwt also nach vill ze dinn. Schwarz Madonnen ginn och Déesses Noires, Black Mother genannt, an allen Deler vun der Welt an och bei eis am Land veréiert. Mat den Originnen vun orientaleschen bis afrikaneschen Muttergöttinnen oder och Fruchtbarketsgöttinnen oder Göttinnen kelteschen Ursprongs. Och zu Létzeburg ginn et méi där Plazen wou déi schwarz Madonna veréiert gouf. Mä do sinn hir Originnen de meschte Fraen wéineg bis guer net bekannt. A wann ginn se och nach als solches bekämpft oder och nach total ofgelehnt. Dat meschtens nach vun de Frae selwer aus Ignoranz well et total verpönt wor iwwer hednesch Sachen ze schwätzen. Wen sech awer méi dofir intresséiert fönnt en Etleches online énnert "Le Culte des Vierges Noires". Op den Ausdrock Vierges Noires iwwerhapt gud gewielt ass siew dohinn gestallt. D'Maria gouf op déi vir-chréschtlech Göttinnen dropgeprafft an huet bis haut nach de Numm Jungfrau Maria.
D'Psychologin Gerda Weiler schreiwt an engem vun hire Bicher: Ich brauche die Göttin! Et sollt en als Onglewegen sech net einfach vun der Marienverehrung ewechhalen, mä sech konsequent mat der Matière ausénanersetzen. Mann a Fra braichten Relioun. Wen sech net mam Problem ausénanersetzt, verdrängt. Verdrängen awer wor jo nach ni gesond.








































































Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen