

D'Muttergottes an der Kathedral ass och eng schwarz Madonna well se op der Moundsichel stet. Dat konnt e gud gesinn no der Restauréierung am Joer 2008 wéi se matten énnert de Leit stoung. D'Maria kruet irrtümlecherweis d'Gesicht an d'Kand um Arm gewaisst wat eng Verbéiung vun den Originnen ass. An der daitscher Sproch géing e vun enger Verballhornung schwätzen. Se gehéiert entweder zu den orientaleschen Fruchtbarketsgöttinnen oder zu de Göttinnen kelteschen Ursprongs. Jiddefalls ass et eng wonnerbar Arbecht am Holz an et ass immens schued, datt déi Madonna méschtens wait ewech vun de Leit steht, gezwongen an de waisse Rack vum "Jungfrauenwahn". Den Zoustand vum Gnadenbild mécht aus der Göttin eng Magd des Herrn, zu där haptsächlech während der Oktav gepilgert gött. D'Pilger kommen vu wait iwwert d'Grenzen vum Land eraus. Zur glaicher Zait wéi d'Oktav ass de "d'Märtchen" um Knuedler. Déi zwou Sachen gehéieren einfach zesummen. Ob en elo gleweg ass oder net, d'Veréierung vun der Muttergottes ass Traditioun a gehéiert zum "Patrimoine Culturel" vum Land.
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen