D'Photosmaterial nach net optimal, mä et gött emol e kléngen Abléck fir emol unzekommen. Texter ginn no a no nom Stand vun de Nofuerschungen ugpasst. Sinn nömmen ze kopéieren mam Quellenoweis: Luxbierger & Frénn.
Le culte de la Vierge Noire huet jiddefalls naischt mat chréschtlechen Originnen ze dinn. Gehéiert iwwerhapt net an eng Kierch, éischter an d'Natur, well d'Originnen aus dem orientaleschen Kult vun de Fruchtbarketsgöttinnen ervirget a mam Kult vun de keltesche Göttinnen verschmolz gouf, der Dreifrauenkultur. Gebraicher déi aus der matriarchaler Volleksfrömmegket stamen. Et ass jo naischt Neies: d'Chréschtentum ass eng total ondemokratesch Relioun déi op enger Hierarchie politescher a reliéiser Elite-Muecht opgebaut ass. Eng Verballhornung vum "Jesus-Phänomen" den aus enger matriarchaler Kultur hirkönnt. De Kult vun de Madonnen egal welcher Art ass eng geschätzten Einnahmequell vun der kathoulescher Kierch. Leider énnerleien déi ganz Traditiounen bis haut enger grousser Sexualfeindlechket déi mer dem "paulus" ze verdanken hunn, wéi den aus dem Jesus e Christus gemacht huet. De "paulus" émmer nes mat de schwarze Madonnen a Verbindung ze bréngen ass eléng schonns eng rieseg Frechhet. Wa ke Widerstand aus der Bevölkerung könnt dierfen se jo op där Schinn weidermachen. Et wir un de Fraen selwer hei emol opzeraumen, virun allem z'informéieren.
We méngt naischt mat Relioun wöllen ze dinn hunn, lait eben aus uewegenannten Tatsache falsch. Relioun grad ewéi Politik ass ze wertvoll et de Männer eléng z'iwwerlossen. Well grad d'Männer d'Affer sinn vun där oprechtgehalener Sexualfeindlechket. Elo könnt en denken, datt an der heiteger Zait jo alles erlabt ass wat d'Sexualtiéit ubelangt. Méi Fraihet kéint et diesbezüglech jo bal net méi ginn. Dat ass awer ganz geféierlech esou ze denken well Fraihet an Demokratie (wa mir iwwerhapt je eng haten) gött normalerweis vun enger Diktatur ofgeléisst. An de Phänomen könnt émmer méi no op Létzeburg zu. An eise Nopeschlänner ass e schonns länger Realitéit. Létzeburg verschléift wéi émmer prett ze sinn an de Fouss an der Dir ze halen.
D'Chréschtentum verpasst d'Chance d'Fraen nes an d'Boot ze kréien déi sech schonns lang vun der Kierch ofgewandt hunn. Ouni den Asaz vun de Fraen huet eng Relioun am Vollek ke Bestand a gött vun anere Kulturen geschléckt, déi vun dme Vakuum profitéieren. Wölle mir dat?
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen